IDEOMED a Produktioun am Interkommunale Spidol vu Stengefort (Hôpital Intercommunal de Steinfort)
An senger Editioun vun Dezember 2018 huet de Magasinn vun der Federatioun vun de lëtzebuergesche Spideeler (Fédération des hôpitaux luxembourgeois) “FHL Info” en Artikel publizéiert iwwert de Produktiounsstart vun der Applikatiounsléisung Ideomed, déi vun der Agence eSanté proposéiert gëtt a vu Maincare Solutions entwéckelt gouf, innerhalb vum Interkommunale Spidol vu Stengefort.
Den Artikel detailléiert déi verschidden Etappe vum ambitiéise Projet vun der Informatisatioun vum Patientendossier vun dëser spezialiséierter Spidolsariichtung, déi 4 Departementer regroupéiert: ee Service fir funktionell geriatresch Reeducatioun, ee Fleegeheem, ee psychogeriatreschen Dageszentrum an een Dagesspidol.
D’Agence huet d’Equippe vum Spidol bäi all den Etappe vun der Aféierung vun hirem informatesche Patientendossier begleet, déi sech an enger éischter Phase an hirem Fleegeheem an dono an hirem Service fir funktionell geriatresch Reeducatioun konkretiséiert.
Klickt w.e.g. hei fir den integralen Artikel ze liesen
Klickt w.e.g. hei fir op de Site vun der FHL ze goen
Klickt w.e.g. hei fir op de Site vum Hôpital Intercommunal de Steinfort ze goen.