Geschwënn en DSP fir all Persounen, déi ze Lëtzebuerg assuréiert sinn

Agence

„Den elektroneschen Patientendossier ass geschwënn fir jiddwereen disponibel“ ënnert dem Titel gouf den Artikel am Magasin «Connect» vum Juni 2019 editéiert an vun der Lëtzebuerger Handelskonfederatioun, no engem Interview mat Hervé Barge, eisem Generaldirekter, publizéiert.

Geschwënn en DSP fir all Persounen, déi ze Lëtzebuerg assuréiert sinn

Den Artikel fänkt mat enger globaler Presentatioun vum Kontext un, an deem den DSP kreéiert gouf an ënnersträicht den onerwaarten Erfolleg vun der Pilotphas. Tatsächlech hunn bal 60 000 Patienten hiren elektroneschen Patientendossier aktivéiert an duerchschnëttlech 4 Dokumenter alimentéieren den DSP.

Här Barge ënnersträicht och d’Sécherheetsmesuren, déi geholl goufen fir den Dateschutz vum Patient ze garantéieren an schléisst den Interview of, andeems hien erkläert, dat d’Generaliséierung vum DSP am Mount Oktober vun dësem Joer realiséiert gëtt. Et kann also eng Publikatiouns- an Informatiounscampagne fir de grousse Public lancéiert ginn, déi bei de Kommunikatiounsmesuren, déi mir bei de Gesundheetsberuffler fortsetzen, dobäi gesat ginn.

Klickt hei fir den integralen Artikel ze liesen

► Wëllt Dir Ären DSP elo aktivéieren? Klickt hei