Firwat den CVE e game changer ass: Liest eisen Artikel am Semper
Agence
Am Kader vun der europäescher Impfwoch (27. Abrëll – 3. Mee 2025) stellt d‘Agence eSanté an der neister Editioun vum Semper Magazine den elektroneschen Impfpass (CVE) vir
Dëse redaktionelle Bäitrag ënnersträicht déi vill Virdeeler vum CVE:
- Vereinfachten Zougang zu den Impfdonnéeën
- Sécheren Echange tëscht Gesondheetsberuffler
- Personaliséiert Entscheedungshëllef fir eng optimal Impfung
- Automatesch Notifikatioune fir keng Impfunge méi ze verpassen
Scho vun ongeféier 500 Gesondheetsberuffler agefouert, a mat iwwer 56.000 Impfpäss déi schonn opgemaach goufen,huet sech den CVE als strategeschen Hiewel d‘Impfquot zu Lëtzebuerg ze stäerken, etabléiert.
Klickt hei fir den Artikel ze liesen.
Sidd Dir en Impfdokter a wëllt Äre Patienten dëse Service ubidden? Frot déi gratis Installatioun un andeems Dir dëse Formulaire ausfëllt.