FAQ eSanté Kont

ALLGEMENGES

Dir sidd e Patient:

Wann Dir Ären eSanté Kont aktivéiert, hutt Dir:

  • Zougang op Ären DSP, kënnt de Contenu kucken an d‘Astellungen upassen
  • d‘Méiglechkeet selwer Dokumenter an Ären DSP ze späichere
  • d‘Méiglechkeet aner digital Gesondheetsservicer ze notzen wéi den CVE (Carnet de Vaccination Électronique - elektroneschen Impfpass)

 

Dir sidd e Gesondheetsberuffler:

Wann Dir Ären eSanté Kont aktivéiert, kënnt Dir:

  • den DSP vun Äre Patienten, déi Iech Zougangsrechter ginn hunn, consultéieren an hir Labosanalysen, medezinesch Berichter, medezinesch Biller, Spidolsberichter, asw. kucken
  • Dokumenter androen, déi zum medezinesche Suivi an der Koordinatioun vun der Behandlung vun Äre Patiente bäidroen
  • aner digital Gesondheetsservicer notzen wéi den CVE (Carnet de Vaccination Électronique - elektroneschen Impfpass)
  • automatesch op de Service "Regify" - geséchert Messagerie zougräifen

Als Patient kënnt Dir en aktivéieren:

  • iwwer Äre privaten Espace op MyGuichet.lu (Webbrowser‑Versioun an App) mat Hëllef vun engem LuxTrust-Produit
  • iwwer den eSanté-Portal oder d’mobil App MyDSP, mat dem Aktivatiounscode, deen Dir per Bréif vun der Agence eSanté krut

Als Gesondheetsberuffler kënnt Dir en aktivéieren:

  • direkt um eSanté-Portal mat dem Aktivatiounscode, deen Iech per Bréif vun der Agence eSanté geschéckt gouf

Hei fannt Dir déi eSanté Servicer déi verfügbar sinn, wann Äre Kont aktivéiert ass:

  • DSP (Dossier de Soins Partagé)
  • CVE (Elektroneschen Impfpass)
  • Grenziwwerschreidenden Austausch vum Résumé Patient, e Service «MaSanté@UE»
  • Referenzdokter Tool (nëmme fir Gesondheetsberuffler)
  • Aner eSanté Servicer