FAQ - ELEKTRONESCHEN IMPFPASS (CVE)

ALLGEMENG FROEN

De Service CVE, ass en Informatiounssystem, deen Iech erlaabt Är verofreechten Impfungen ze enregistréieren. Den CVE steet all zu Lëtzebuerg krankeversécherter Persoun zu Verfügung, onofhängeg dovun op en Awunner ass oder net. En erméiglecht Iech et zu all Moment an iwwerall op Är Impfdaten zouzegräifen

Iwwer de CVE, gitt Dir och iwwerT den nationalen Impfkalenner an Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses) informéiert. Op dës Manéier kritt Dir Notifikatioune mat personaliséierten Impfempfehlungen, déi Ärer Situatioun entspriechen.

All Impfdokter (ufanks, Kannerdokteren, Generalisten, Infektiologen a Gynekologen) mat Zougang zum CVE,  kann dësen erstellen.

Bei der Impfung, scannt den Dokter, Date vum Impfstoff (Numm, Seriennummer, Batchnummer, Verfallsdatum) mat Hëllef vum Barcode an.
Den Dokter kann och Är viregt Impfdate vun der gieler Impfkaart oder all aner Impfcertificat iwwerhuelen.

All Impfdokter, deem Dir Är Zoustëmmung gitt hutt, huet Zougrëff.

Dir kënnt iwwer Ären eSanté Kont (deen Iech beim Opmaache vun Ärem DSP vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gouf) op Äre CVE zougräifen. Duerfuer klickt w.e.g. hei. 

Wann Dir Äre Kont nach net aktivéiert hutt, klickt hei, fir d’Aktivatiounsinstruktioune ze gesinn.            

Wann Dir Hëllef braucht, kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk:

Nee, et ass an enger éischter Phase net virgesinn, datt déi giel Impfkaart verschwënnt.

Jo, natierlech.  Op dësem Ausdrock vun Ärem CVE ass den Numm vum Vaccin, Date wéini se gemaach goufen, souwéi Ären Impfstatus, no de Recommandatioune vum CSMI, verzeechent.

Et gëtt un enger Léisung geschafft, fir d‘COVID-19- Impfdaten esou schnell wéi méiglech an de CVE ze integréieren.

Dir kritt Notifikatiounen iwwert d‘Rappeller vun Äre Kanner hiren Impfungen.

ALLGEMENG FROEN

Déi allgemeng Objektiver vum CVE sinn:

  • Vereinfachten Zougang zu Informatioun iwwer den Impfstatus
  • Vereinfacht Gestioun vum Impfprogramm
  • Verbesserung vun der Gouvernance vun der Impfstrategie

  • Liichten Online Zougang zum Historique vun den Impfungen;
  • Hëllef bei der Indikatioun vum Impfstoff, Rappelle vun der Impfung mat abegraff;
  • Zréckverfolge vun den Impfstoffer an der Pharmakovigilanz (Datum vu der Impfung, Seriennummer, Verfallsdatum);
  • Vereinfacht Gestioun vum Stock – manner administrativen Opwand.

Den Zougang zu dëser Applikatioun ass iwwer d’Portal vun der eSanté. D'Sich nom CVE vun engem spezifesche Patient gëtt iwwer seng Matricule oder säin Numm gemaach. Et ass virgesinn, datt den Zougang zum CVE deemnächst an déi professionell Praxissoftware integréiert gëtt.

Dat mécht den Dokter deen Iech impft, wärend der Impfung, andeems hien de Barcode (Datamatrix) vum Impfstoff scannt. D'Donnéeë vun der Impfung (Numm, Batchnummer, Serienummer a Verfallsdatum) ginn automatesch iwwerdroen.

Den Impfdokter huet d'Méiglechkeet den Historique vun den Impfungen mat den Impfzertifikater an/oder der gieler Impfkaart ze erstellen.

D'Agence eSanté stellt all Impfdokter gratis e Barcode Scanner zur Verfügung. Et gëtt och d'Méiglechkeet de Vaccin iwwer eng Computer Webcam (integréiert oder extern) ze scannen.

De CVE ass de Leit virbehaalen, déi zu Lëtzebuerg affiliéiert sinn, oder déi do wunnen. 

Et gëtt dru geschafft de CVE den internationale Richtlinnen unzepassen.

 Et gëtt aktuell  tëscht dem MSVAC an dem CVE un enger Léisung geschafft fir d‘Daten vun der COVID Impfung ze recuperéieren (mat Zoustëmmung vum Patient)

Nee, déi giel Impfkaart bleift bestoen, béid Systemer lafen am Ufank parallel.

Jo, et kann een de CVE erausdrécken.

Nee de System schéckt keng Notifikatioun un den Dokter. Mee, den Dokter huet awer Zougang op den Impfstatus am CVE vun all Patient. Notifikatioune gi per SMS an/oder E-Mail nëmmen un d'Patiente geschéckt.


Den Entscheedungssupportsystem integréiert den nationalen Impfplang, wéi och d'Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses. Op dës Manéier gëtt d‘Entscheedungshëllef fir d’Impfung a den Impfrappel ënnerstëtzt.  
 


Hei geet et net em den Zougang zu gelëschten « Net Geimpften ». De Gesondheetsministère huet Zougang zu den zougeloossenen Impfungsdeckungsdate fir verschidde Kategorie vun der Bevëlkerung. Zum Beispill ass et méiglech d'Immunisatiounsofdeckung aus enger spezifescher Alterskategorie zu enger bestëmmter Zäit erauszezéien.

Op der anerer Säit, am Fall wou d'Gesondheetsinspektioun en Tracing muss maachen (z.B. den Entourage vun enger Persoun déi diagnostizéiert gouf mat Meningite oder Riedelen), kann et sinn, datt d‘Impfdonnéëe vun de Leit déi Kontaktpersoun sinn, net verfügbar sinn. An dëse spezifesche Fäll, mat enger Oofkommes Prozedur, kënnen d'Impfdonnéëen vun dëse Leit gepréift ginn fir hiren Impfstatus ze kontrolléieren.