Méi 25 Sep
ICT Event

IHE-Europe Connectathon Week 2023

Vum 25 September 2023 bis den 29 September 2023
Rennes (Frankraich), Couvin des Jacobins

Den IHE-Europe Connectathon ass de féierenden europäeschen Event, organiséiert ronderëm Interoperabilitéitstester am Beräich vun der IKT ( Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie) am Gesondheetswiesen.

Dëst ass en Testmarathon dee wärend enger Woch, d‘ IT Spezialiste vun den Ubidder vu Gesondheetsinformatiounssystemer zesumme bréngt fir d'Konformitéit vun hire Produkter mat den IHE Integratiounsprofiler ze testen. De But vun dëse grouss ugeluechten Tester ass et d'Fäegkeete vun den Ubidder vun de Gesondheets-IKT ze weisen, fir d‘medizinesch Donnéeën ënnereneen auszetauschen.

Dëst Joer steet de Fokus op dem internationale Résumé patient a der kënschtlecher Intelligenz an der Radiologie.