Don 30 Jun
ICT Event

ICT Spring 2022 (Healthcare Summit)

Vum 30 Juni 2022 bis den 01 Juli 2022
LuxExpo (10 Circuit de la Foire Internationale; L-1347 Luxembourg)

ICT Spring ass eng vun de gréissten europäeschen Tech Konferenzen, déi fir déi 13. Kéier zu Lëtzebuerg stattfënnt. Dëst Evenement - dat Konferenzen, Ausstellungen an Demonstratiounen kombinéiert - inspiréiert eng breet Palette vu Fachleit ronderëm déi grouss Themen am Zesummenhang mat Technologie an Innovatioun.

Am Nomëtteg vum 1. Juli gëtt eng Table Ronde gehalen iwwert digital Gesondheet, ënner dem Titel "Digital Transformation in Healthcare: Where do EU Stands? A view from European Healthcare Agences", un der d’Agence eSanté drun deelhëlt.

Klickt hei fir de komplette Programm ze gesinn.