Mët 20 Sep
eSanté Event

Healthcare Week

Vum 20 September 2023 bis den 22 September 2023
LuxExpo The Box (10, Circuit de la Foire Internationale; L-1347 Luxembourg-Kirchberg ) 09h00 - 18h00

Healthcare Week Luxembourg ass eng grenziwwerschreidend Foire fir d‘Kontakter an Aktiounen  am Lëtzebuerger Gesondheetssystem ze stäerken.

Mat Dausende vu Participanten déi erwaart ginn an de neie Méiglechkeeten fir national a grenziwwerschreidend Bezéiungen z'entwéckelen, gëtt d‘Healthcare Week Luxembourg zu engem vun de wichtegsten Eventer am Gesondheetssecteur.

Mir sinn ee vun de Sponsore vun dësem Event a freeën eis mat engem eegenen Informatiounsstand op der Foire vertrueden ze sinn.

Fir weider Informatioune klickt hei.