Mët 05 Okt
Verschiddenes

Global Government Forum's Digital Summit 2022

Vum 05 Oktober 2022 bis den 06 Oktober 2022
Ottawa, Kanada

Den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, gouf vum Global Government Forum invitéiert fir u sengem Digital Summit 2022 deen zu Ottawa de 5. 6 Oktober stattfënnt, deelzehuelen.

Op dësem Sommet geet et drëms déi gréissten Erausfuerderungen unzegoen, deene sech d‘digital Leaderen aus dem ëffentleche Beräich weltwäit stelle mussen.

Den Här Barge wäert dës Geleeënheet notzen fir seng Expertise mat anere Participanten ze deelen, déi verantwortlech an drunn interesséiert sinn, fir hir eegen Regierungsorganisatiounen a Servicer ze beschleunegen.

Links fir den Agenda an d’Lëscht vun de Participanten.