Don 25 Abr
Gesondheets Event

Diskussiounsronn zum Thema Kontinuitéit vun der pharmakologescher Behandlung no der Entloossung vun engem hospitaliséierte Patient

Den 25 Abrëll 2024
Espace Namur à Hamm (2, rue de Bitbourg L-1273 Luxembourg/Hamm) ab 19h30

An Zesummenaarbecht mam Syndicat des Pharmaciens, organiséiert DSB Communications, eng Agence déi spezialiséiert ass op Kommunikatioun am Gesondheetsberäich, eng Diskussiounsronn zum Thema Kontinuitéit vun der pharmakologescher Behandlung no der Entloossung vun engem hospitaliséierte Patient.

Den Ian Tewes, Generaldirekter vun der Agence eSanté, hëllt un dësem Event deel, fir ze ënnersträichen wéi wichteg Digitaliséierung an dësem Kontext ass.