Fre 18 Jul
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Club Aktiv Plus (Croix-Rouge)

Den 18 Juli 2025
23, rue le Gare; L-6117 Junglinster ab 09h30

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Aktiv Plus, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé)

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?