Entdeckt den elektronesche Gesondheetsdossier mat der DSP family
Agence
An den nächste 5 Woche kënnt Dir en Erklärungsvideo mat de Membere vun der DSP family op de sozialen Netzwierker vun der Agence eSanté entdecken
Dës Videoe beliichten d'myDSP App an invitéieren d'Benotzer hir Funktkiounen z'entdecken an déi vill Virdeeler vum elektronesche Gesondheetsdossier ze verstoen.
Fir maximalen Zougang ze garantéieren, sinn d'Videoen op Franséisch mat lëtzebuergeschen, däitschen an engleschen Ënnertitelen disponibel, fir datt déi wichtegst Informatioune fir jiddereen zougänglech sinn.