Eng weider Reunioun mat den Hiersteller

Agence

E Mëttwoch, de 5. Juli 2023 huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung fir d‘Hiersteller vun Gesondheetsinformatiounssystemer am House of BioHealth zu Esch organiséiert
 

Différentes personnes échangeant autour d'un verre

Op der Dagesuerdnung stounge verschidde wichteg Themen, sou wéi d'Roll vun der Agence am „Remboursement accéléré (RA) a „Paiement immédiat direct“ (PID). Donieft gouf et Presentatioune vu verschidde Szenarie betreffend den DSP, der ePrescription an der Identito-vigilance. Och aner Sujeten goufen diskutéiert, dorënner gouf et e Réckbléck op d‘Atelieren iwwer d'Ergonomie vun der Gestioun vu Software fir Dokteschpraxen, déi vun der Agence organiséiert goufen, an dem leschte Stand vum Smart DSP.

Ofgeschloss gouf d‘Versammlung mat Gespréicher bei engem gemittleche Patt.

Klickt hei, fir d'Presentatioun erofzelueden.