Eng Informatiounsversammlung fir d‘Hiersteller vu Gesundheetssinformatiouns- systemer
Informatiounsversammlung
En Dënschdeg 28. Mäerz 2023 huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung fir d’Hiersteller vu Gesondheetsinformatiounssystemer organiséiert, fir hinnen den aktualiséierte Stand vun hire Servicer ze presentéieren
Eng 70 Leit ware bei dësem Event dobäi, deen am House of BioHealth zu Esch stattfonnt huet.
Op der Dagesuerdnung stoung eng Ried vum Christian Oberlé, President vun der „ Caisse Nationale de Santé „ , iwwer de Fortschrëtt vum „Paiement Immédiat Direct“ (PID), souwéi Presentatioune vu verschiddene Mataarbechter vun der Agence, déi ënner anerem iwwert déi erfollegräich Integratioun vum DSP geschwat hunn, de Projet eQualis presentéiert hunn an en Update zur ePrescriptioun ginn hunn.
Weider Themen waren d’Datebank vu Medikamenter, den Zäitplang vum Projet eResult, wéi een e MyCert Zertifikat kritt, an d’Participatioun um IHE Connectathon 2023.
Fir méi Detailer klickt w.e.g. hei.