Eisen digitalen Assistent Pitti ënnerstëtzt d‘„Orange Week“ a schléisst sech den „NEEN géint d’Gewalt géint Fraën“ un
Agence
D‘„Orange Week“ déi ënnert dem Numm „Lët’z say NO to violence against women” gefouert gëtt, ass eng Campagne déi vum Ministerium fir Chancëgläichheet an der lëtzebuergescher Sektioun vun Zonta International am Kader vum ONU Femmes Projet UNiTE organiséiert gëtt.
D’Ziel vun dëser Campagne ass et de Publikum fir de Gewalt géint Fraen ze sensibiliséieren an de geschlechtsspezifesche Gewalt op en Enn ze bréngen.
An dësem Kontext gëtt e Samschden den 24. November um 11 Auer eng grouss Solidaritéitsmarsch organiséiert déi um 11 Auer vum Glacis fortgeet. Fir Iech iwwert déi gesamt Aktiounen déi an dësem Kader organiséiert ginn z’informéieren consultéiert w.e.g. d’Facebook Säit: LËT'Z SAY NO.