Den elektronesche Gesondheetsdossier kennt méi no
An engem am Paperjam vum Februar 2019 verëffentlechten Interview schwätzt eise Generaldirekter Hervé Barge déi vill Erausfuerderungen un, deenen sech d’Agence bei der Aféierung an der Pilotimplementéierung vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) stelle misst
Hien weist och drop hin, dass dës Pilotphase geschwënn op en Enn komme sollt, mam Erlooss vum groussherzogleche Reglement, an deem d’Modalitéiten an d’Konditioune fir d’Bereetstellung vum DSP festgeluecht ginn – dat de legale Kader duerstellt, deen d'Generaliséierung vum DSP op all d’Assuréeën erméiglecht - deen a Kierzt erwaart gëtt.
Liest hei den am Paperjam publizéierten Artikel
Wëllt Dir net op déi generaliséiert Aféierung vum DSP waarden an elo schonn iwwert ären DSP verfügen? Wend Iech w.e.g. un eisen Helpdesk, per Email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (+352) 2712 5018 33, fir Är Ufro fir d’Erëffnung vum DSP anzereechen.