Den DSP um Tuer…am CHEM
Wärend dem Mount November sinn eis Helpdesk-Mataarbechter vun der Agence e-Santé am Service Onkologie vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch präsent.
Bei dëser Geleeënheet ginn d’Agenten vum Helpdesk den Patienten d’Méiglechkeet op der Platz en Dossier de Soins Partagé (DSP) opzemaachen. Dëst erméiglecht dem Patient direkt medezinesch Daten an den DSP ze späicheren, wat den vum Patient ausgewielten Gesondheetsdéngschtleeschter erméiglecht Zougang op des Donnéeë ze hunn, wat zu enger besserer Prise en Charge bäidréit.
Dir hutt nach keen DSP an géift gären een opmaachen als fräiwëllegen Patient? Dann zéckt net eisen Helpdesk ze kontaktéieren, per eMail (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (2712 5018 33) fir d’Opmaachen vun ärem elektroneschen an gesécherten Gesondheetsdossier unzefroen.