Den « Dossier de soins Partagé » gleich generaliséiert

Agence

Den « Dossier de soins Partagé » gleich generaliséiert...

Den « Dossier de soins Partagé » gleich generaliséiert

Den « Dossier de soins Partagé » gleich generaliséiert, esou huet et am Titel vum Artikel, den an der Dezembereditioun vun der Zeitung « Connect », d’Zeitung vun der « Confédération luxembourgeoise du commerce », publizéiert gouf, geheescht, nom Interview mam Haer Hervé Barge, dem Generaldirekter vun der Agence eSanté an der Mme Danielle Becker-Bauer, Apdiktesch an Vizepresidentin vum „ Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois“ (SPL).

Den Artikel kënnt op déi lescht 5 Joer, zënter der Anféierung zeréck, seng Evolutioun, den Intesessi wou en fir d’Patienten an d’Gesondheetsdingschtleeschter erwescht, d’Wichtegkeet vum Datenschutz, d’Pilotphase, déi d‘Enn vun hirer Liewensdauer unsteiert mat der Generalisatioun vum DSP, déi Ufank 2020 ungeet.

Schlussendlech schwetzt den Artikel déi an Zukunft kommend Funktiounen un, wéi den Austosch vun Patientendonnéen mam Ausland ewéi d’Schécken vun elektroneschen Verschreiwungen.

Klickt heihinner fir den kompletten Artikel kënnen ze liesen.

Momentan hun 10% vun den lëtzebuerger Awunner en DSP.  Dir hut nach keen DSP, géift awer gären direkt een opmaachen als fräiwëllegen Patient? Dann zéckt net eisen Helpdesk ze kontaktéieren per Email (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (2712 5018 33), fir d’Opmaachen unzefroen. Die kënnt och desen Link unklicken, fir direkt op den Formulaire ze kommen.