De Pitti, eisen digitalen Assistent, suergt fir Begeeschterung um CLC Networking Event

Agence

D’Agence eSanté huet sech mat KetterThill associéiert fir d’Evenement „CLC Networking Event“, dat e Mëttwoch den 4. Oktober 2017 an de Raimlechkeete vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine zu Esch/Uelzecht stattfonnt huet.

De Pitti, eisen digitalen Assistent, suergt fir Begeeschterung um CLC Networking Event

De CLC Networking Event ass en Evenement, dat 3 bis 4 Mol pro Joer vun der Lëtzebuergescher Handelsconfederatioun organiséiert gëtt an sech un hir 59 Memberen, Federatiounen an onofhängeg Entrepreneuren, riicht. D’Zil vum Evenement ass et, eng Plattform fir den Austausch an d’Vernetzung fir hier Memberen ze schafen, an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, d’Déngschtleeschtunge vun deenen zwee Etablissementer, déi sech mam Evenement associéiert hunn, an dësem Fall KetterThill an d’Agence eSanté, kennenzeléieren.

Bei der Geleeënheet vun dësem Evenement, dat bal 90 Persounen ugezunn huet, huet eise Generaldirekter, den Hervé Barge, d’Agence an hir Missioune virgestallt. Dono huet ee vun eise Kollege vum Helpdesk, de Luis Batista, eng Presentatioun iwwert den Dossier de Soins Partagé - den elektronesche Gesondheetsdossier - gehaal. Hien huet sech dobäi vun eisem digitalen Assistent, dem Pitti, deen d’Participanten duerch seng Fäegkeeten a säi Charme beandrockt huet, ënnerstëtze gelooss.

No der Virstellung vun de Servicer vun de KetterThill Laboratoiren duerch den Här Gidenne, Administrateur Delegué vu KetterThill, sinn d’Participante fir eng guidéiert Visite vun de Laboratoiren invitéiert ginn.

D’Evenement ass mat engem Cocktail, bei deem d’Gäscht sech zu den am Laf vum Owend virgestallten Themen austausche konnten, ofgeschloss ginn.