De Minister fir Sozialversécherung, Claude Haagen, op Besuch bei der Agence eSanté

Agence

Den Dënschdeg 1. Mäerz 2022 war de Claude Haagen, Minister fir Sozialversécherung, begleet vum Staatsberoder Abílio Fernandes, an de neie Raimlechkeete vun der Agence eSanté op Besuch
 

Visite ministre sécurité sociale

Bei dëser Geleeënheet konnten de Claude Haagen, an den Abílio Fernandes, d'ganz Equipe kennenléieren an un enger Presentatioun vun de verschiddene Servicer vun der eSanté Plattform deelhuelen, wéi zum Beispill dem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP), dem elektroneschen Impfpass (CVE), der ePrescription, dem Data Lake, eQualis, ....

Dës Visite ass Deel vun de Beméiunge vun der Regierung, fir d'Positioun vu Lëtzebuerg an der Beschleinegung vun der Digitaliséierung, besonnesch am Gesondheetssecteur, ze stäerken an ze konsolidéieren. De Minister huet d’Wichtegkeet vun der Roll vun der Agence eSanté an dësem Digitaliséierungsprozess ënnerstrach an der Direktioun vun der Agence Merci gesot fir de produktiven Meenungsaustausch.

Wëllt Dir weider Informatiounen iwwer d'eSanté Servicer, da klickt hei.