De Gesondheetsministère hieft de CVE ervir
Agence
De Gesondheetsministère betount an enger Pressematdeelung, déi vu verschiddene Lëtzebuerger Medien publizéiert gouf, d’Wichtegkeet, seng Impfungen um neiste Stand ze halen a weist op déi zentral Roll vum elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE) hin, fir de Suivi vun den Impfungen ze erliichteren
D'Pressematdeelung mécht op d'Wichtegkeet vun der Impfung opmierksam fir géint ustiechend Krankheeten ze schützen an erënnert drun datt d'Respektéiere vum Impfskalenner net nëmme fir Kanner, mee och fir Erwuessener gëllt, besonnesch wann et ëm Impfrappele geet.
Als Rappell, den CVE erlaabt eng sécher Zentraliséierung vun den Impfdaten, informéiert iwwer Impfrappele a personaliséiert Impfberodung konform mat de Recommandatiounen vum Conseil supérieur des maladies infectieuses.
Méi heizou liesen?
- Link op den Artikel am « Le Quotidien »
- Link op den Artikel op RTL
- Link op den Artikel op Eldoradio
