De Gesondheetsberuffler zu Lëtzebuerg, den digitalen Iwwergang erliichteren

Presseartikel

De Magasinn "Semper" hieft a senger leschter Ausgab, d'Agence eSanté als wichtegen Akteur an der  digitaler Transformatioun vum Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg ervir
 

semper

Den Artikel beliicht déi verschidden Initiativen, déi d'Agence agefouert huet fir de Gesondheetsberuffler bei dësem Prozess ze beroden an z'ënnerstëtzen. Sou weist en och op d'Informatiounsversammlungen hin, déi reegelméisseg vun der Agence organiséiert ginn, fir de Gesondheetsberuffler e bessert Verständnis vu senge verfügbaren eSanté Servicer, wéi dem elektronesche Gesondheestdossier (DSP) an dem elektroneschen Impfpass (CVE) ze bidden. Des Versammlungen erlaben et och iwwert  déi  neisten Entwécklungen am Beräich vun der digitaler Gesondheet um Lafenden ze bleiwen.

Den Artikel erwäänt och déi spezifesch Informatiounsversammlunge fir d‘nei Dokteren, déi sech zu Lëtzebuerg etabléieren, an déi hinne bei hirer Integratioun hëllefen a bei deenen op hier besonnesch Bedenken agaange gëtt. E weist och op déi dynamesch Aarbechtsgruppen hin, déi sech ëm d‘ePrescriptioun këmmere mam Zil d‘Praktiken ze standardiséieren a Systemer mateneen ze vernetzen.

Klickt hei fir de ganzen Artikel ze liesen. (franséisch)