D’Patientensecherheet

Agence

„All 12 Sekonnen stiérwt een Patient un den Folgen vun enger ongenügend medezinescher Behandlung“, 
dat ass eng vun den Feststellungen déi d’OMS (Weltgesondheetsorganisatioun) an hirem Bericht, den am Kader vum „Weltdag vun der Patientesécherheet“ den 17. September verëffentlecht huet.

D’Patientensecherheet

De Weltdag vun der Patientesécherheet soll d’Besënnung vun all fir d’Bedeitung vun enger sécheren Versuergung stäerken. D’Sécherheet vun der Fleeg ass d’Verhënnerung oder d’Baisse vun den Risiken vun onerwënschten Evenementer an Verletzungen folgend d’Gesondheetsfleeg. Een mat der Fleeg verbonnen Evenement ass een onerwaarten Evenement, deen den Fleegeprozess stéiert oder verzögert oder sech direkt op d’Gesondheet vum Patient auswierkt.

Ëmmer laut dem OMS Bericht, weisen d’Estimatiounen, dat ongeféier een Patient vun 10 an staarken Akommes-Länner een Schued wärend d’Spidolversuergung aussteet.  Dat gëtt duerch verschidden onerwënscht Evenementer verursaacht, vun deenen 50% vermeidbar sinn. Weltwäit erleiden véier vun zéng Patienten Schied an der medezinescher Grondversuergung oder an der ambulanter Versuergung. Déi wichtegst Feeler betreffen Diagnosen, Verschreiwungen an d’Verwennung vun Medikamenter.

Ëm déi bestoend Erausfuerderungen unzegoen, hunn d’Länner Efforts am Beräich vun den Behandlungen, Technologien an Versuergungsmodeller ënnerholl, fir d’Patientesécherheet ze verbesseren, dem Bericht no sinn déi aktuell Gesondheetssystemer, déi oft komplex sinn, awer net wäitleefeg.

Fir dësen System méi einfach ze maachen, sinn zu Lëtzebuerg vill Instrumenter an Dispositiver agefouert ginn, déi zur Patientesécherheet bäidroen. Esou, zum Beispill, ëm den Austausch vun Gesondheetsinformatiounen tëschent den verschiddenen bedeelegten Gesondheetsdéngschtleeschter ze erliichteren, huet „d’Agence eSanté“ den „DSP-Dossier de Soins Partagé“ (den gemeinsamen elektronesche Gesondheetsdossier)“ ageriicht.

Außerdeem ginn Viraarbechten fir d’Aféierung vun der elektronescher Verschreiwung (vun Medikamenter, biologeschen Analysen, medezinesch Biller-Imagerie duerchgefouert, an gesäit d’Pilot-Phas vum éischten Uwendungsfall, dat heescht, fir déi elektronesch Verschreiwung vun Medikamenter, virum Enn des Joers, fir. Ëm een weideren Beispill ze nennen, an zwar op Spidolebene, gouf am Spidolsgesetz vun 2018 en internen „Comité de gestion interhospitalière“ agesat, deen fir d’Promotioun vun Qualitéit an Patientesécherheet zoustänneg ass.

Consultéiert hei deen vun der Weltgesondheetsorganisatioun verëffentlechten Bericht.
 
Weider Informatiounen iwwer déi onerwënscht Evenementer, fannt Dir an eiser themateschen Newsletter zu dësem Thema.
   
Dir hutt Ären DSP nach net an Dir géift en awer gären hunn, fir den Austausch vun Ären wichtegsten Gesondheetsinformatiounen ze vereinfachen an méiglech Feeler bei der Fleeg ze vermeiden ?
Dann kontaktéiert eisen Helpdesk per E-Mail (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon ënnert der Nummer (+352) 2712 5018 33, fir Äert Demande d’ouverture vum DSP eranzeginn.