D'myDSP on Tour Aktioun geet weider!
Informatiounsversammlung
Den Donneschde 24 Abrëll 2025, war an der Gemeng Koplescht eng Presentatioun vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP).
D'Participante konnten de prakteschen Notze vum DSP entdecken, seng Virdeeler besser verstoen an all hir Froe wärend enger interaktiver Diskussioun stellen.
Hei fannt Dir weider kommend Informatiounsversammlungen.