D'Gestioun vun Ärem DSP gëtt mat eisen Tutorials méi einfach!

Agence

Tutorials sinn elo op eisem Portal disponibel, fir Iech bei der Gestioun vun ärem DSP (Dossier de soins Partagé) ze hëllefen.
 

tutos dispo

Hei sinn déi 5 Tutorials déi scho verfügbar sinn:

  • Aktivéierung vu mengem eSanté Kont: Léiert a nëmmen e puer Mausklicken, wéi Dir Ären eSanté Kont ,den Zougank op den DSP an aner Servicer vun der Agence, aktivéiert,  
  • Accès op mäin DSP: Fannt eraus wéi Dir einfach op Ären Dossier zougräift fir vun all senge Funktiounen ze profitéieren.
  • Bäifüge vun engem Gesondheetsberuffler an Äre Cercle de Confiance: Befollegt déi verschidde Schrëtt fir de Gesondheetsberuffler déi Iech an ärem Gesondheetsparcours begleeden, Zougank ze ginn, fir d'Koordinatioun vun Ärer Betreiung ze vereinfachen.
  • Bäifüge vun engem Dokument a mäin DSP: Fannt eraus wéi Dir relevant Dokumenter am Zesummenhang mat Ärer Gesondheet an Äre perséinleche Beräich dobäi setze kënnt.
  • Passwuert vergiess: Wann Dir Äert Passwuert vergiess hutt, fannt eraus, wéi Dir Ären Accès einfach zrécksetze kënnt, fir weiderhi vun all de Virdeeler vun Ärem DSP ze profitéieren.

Klickt hei fir op d'Tutorials ze kommen.

A fir all aner Froen, zéckt net eisen Helpdesk (Méindes bis Freides vun 8.00 bis 18.00 Auer op) iwwer Telefon op der Nummer (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu ze kontaktéieren.