D'Deklaratioun vun der Organspend am DSP, gëtt mat engem neie Gesetz gefestegt

Agence

D’Erklärung vun der Bereetschaft Organer ze spenden, déi am DSP (Dossier de Soins Partagé) uginn ass,  gouf duer dat neit Gesetz vum 2. Mäerz gestärkt.

Tatsächlech seet dat neit Gesetz, dat de 7. Mäerz 2021 a Kraaft getrueden ass, datt den Dokter deen d'Organer extirpéiert, verflicht ass den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP), deen am Artikel 60quater vum Code de la Sécurité verankert ass, ze iwwerpréiwen. Am Fall wou et keen DSP gëtt of wann en zougemaach gouf, muss hien d‘Vertrauenspersoun vum Verstuerwene froen, wann deen sech net dogéint ausgeschwat huet.

Dëst Gesetz spezifizéiert och datt den Titulaire vum Kont sech ab dem éischten Umellen op säin DSP, äusseren muss wann hien géint d’Organspend no sengem Doud ass.

Et gëtt drun erënnert, datt d'Lëtzebuerger Gesetz zënter 1982 virgesäit, datt eng Persoun déi keen Asproch an dëser Hisiicht deklaréiert huet als Organspender gëllt. Mam Akraafttriede vum neie Gesetz kritt d'Aschreiwung vun hirer explizitter Deklaration an hirem DSP dofir elo e méi offizielle Charakter.

Wëllt Dir och Äre Wonsch no Organspend an Ärem DSP ausdrécken, awer wësst net wéi? Dir kënnt den DSP Quickguide consultéieren, deen Iech erkläert wéi Dir dat maacht.

Hutt Dir eng Fro oder braucht Hëllef? Kontaktéiert eisen Helpdesk:
  • per Telefon: (+352) 27 12 50 18 33
  • per Email: helpdesk@esante.lu
  • op Rendez-vous online iwwer eHelpdesk, eise virtuelle Guichet