D'Aktioun "MyDSP on Tour" geet weider...

Agence

Am Kader vun der Initiative "MyDSP on Tour" huet d'Agence eSanté viru kuerzem zwee Informatiounsevenementer iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) an der Internetstuff "E-Space 141" organiséiert
 

D'"Internetstuffe" fërderen ënner anerem d'Sensibiliséierung vun der digitaler Biergerschaft a bidde Formatioun iwwer d'Benotzung vun digitalen Tools u fir den Alldag méi einfach ze maachen.

En Donneschdeg, den 9. November 2023, hunn zwee Vertrieder vun der Agence eSanté zwou Informatiouns- a Formatiounssëtzungen iwwer d'Benotzung vum elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé), deen d'Koordinatioun vun der Patientefleeg fërdert, gemach. D'Sëtzunge goufen op Franséisch a Portugisesch ugebueden. No enger detailléierter Aféierung an de Service haten d'Participanten d'Méiglechkeet hiren eSanté Kont ze aktivéieren an sech an hire perséinleche Gesondheetsdossier anzeloggen, fir sech mat den Haaptfunktioune vertraut ze maachen.

Braucht Dir Hëllef fir Ären eSanté Kont ze aktivéieren a beim Benotze vun Ärem DSP? Kontaktéiert eisen Helpdesk um (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu.

Wann Dir eng Associatioun representéiert an Dir wëllt en Informatiounsronn iwwer den DSP fir Är Memberen organiséieren, da mellt Iech bei eisem Sekretariat um Telefon (+352) 27 12 50 18 1 oder per E-Mail op secretariat@agence-esante.lu.