D'Aktioun "MyDSP on Tour" geet weider

Agence

Am Kader vun der Initiative "MyDSP on Tour" huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung iwwer den DSP (Dosser de Soins Partagé) fir d'Membere vum FGFC organiséiert
 

Présentation DSP au FGFC

D'FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) ass e Syndikat fir d'Personal vun de Gemengen an interkommunale Gewerkschaften, dem säin Zil et ass d' Solidaritéit a Kollegialitéit ze fërderen a bei der Entwécklung vu staatlechen a kommunalen Institutiounen ze kooperéieren an ze kollaboréieren.

E Mëttwoch, de 14. Februar 2024, hunn zwee Vertrieder vun der Agence eSanté eng Informatiounsversammlung iwwer d'Benotzung vum DSP (Dossier de Soins Partagé), dem sécheren elektronesche Gesondheetsdossier, deen d'Koordinatioun vun der Betreiung vum Patient fërdert, ofgehalen. No enger detailléierter Presentatioun vum Service un déi ronn 20 Leit déi present waren, konnten d'Participanten hir Froen an enger Fro-an-Äntwert-Ronn klären.

Brauch Dir Hëllef beim Benotze vun Ärem DSP? Zéckt net fir eis Helpdesk iwwer Telefon um (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu.ze kontaktieren.

Wann Dir eng Associatioun representéiert an eng Informatiounsversammlung iwwert den DSP wëllt organiséieren, da mellt Iech w.e.g. bei eisem Sekretariat iwwer Telefon um (+352) 27 12 50 18 1 oder per E-Mail op secretariat@agence-esante.lu.