D'Agence mécht beim BusinessRun 2022 mat an engagéiert sech fir e gudden Zweck

Agence

En Donneschdeg, den 22. September 2022 hu Mataarbechter vun der Agence um BusinessRun deelgeholl, dee Sue fir d'Fondation Cancer gesammelt huet

L’Agence participe au BusinessRun 2022

Dëst Joer si bal 4000 Leefer aus 287 Firmen bei dësem grousse Sportsevent zu Lëtzebuerg matgelaf. D'Equipe, déi d'Agence representéiert an déi aus 15 héichmotivéierte Mataarbechter zesummegesat war, ass déi 5,5 km Streck matgelaf, an war och op der AfterRun-Party, déi an der Coque statt fonnt huet, dobäi. Déi gesammelt Spenden hunn et méiglech gemaach, der Fondation Cancer e Scheck an Héicht vun 25.758 € ze iwwerreechen.