D’Agence eSanté präsent op der «Journée de l’Orientation»

Agence

Leschten Samschden, den 12ten Oktober 2019, huet d’Agence eSanté un der „Journée de l’Orientation“ deelgeholl. Dës gouf an der „International School“ organiséiert, an der Präsenz vun der Familljen-, an Integratiounsministesch Mme Corinne Cahen.

 

D’Agence eSanté präsent op der «Journée de l’Orientation»

Dësen Dag, den vun der OLAI organiséiert gouf, adresséiert sech un déi Leit, déi e Kontrakt fir Empfang an Integratioun ënnerschriwwen hunn. En soll e Forum duerstellen, wou all déi Persounen sech iwwert verschidden sozial, kulturell, ekologesch an politesch Aspekter vum Liewen zu Lëtzebuerg informéieren kënnen (Ausbildung, Gesondheetssystem, Gemeinschaftsliewen…).

Ongeféier drësseg Ministèren an Verwaltungen hunn un dësen themateschen Atelier’en deelgeholl déi organiséiert goufen oder si haten en Infostand, fir d’Participante iwwert déi Servicer déi si ubidden, ze informéieren. Och d’Agence e-Santé huet déi zuelräich Visiteuren iwwert dem DSP (Dossier de Soins Partagé) informéiert an d’Virdeeler fir den Patient sou wéi fir d‘medezinesch Fachkraaft erkläert.

Dir hutt nach keen eegenen DSP an géift als fräiwëllegen Patient gären direkt een opmaachen loossen ? Dann kontaktéiert einfach eisen Helpdesk iwwert eMail (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon (2712 5018 33) mat der Demande Ären gesécherten elektroneschen Gesondheetsdossier opzemaachen.