Bedeelegung vun eisem Responsabel vum Datenschutz, Haer Julien Sassella, bei der 2ten Editioun vun der DPO Academy.

Agence

Bedeelegung vun eisem Responsabel vum Datenschutz, Haer Julien Sassella, bei der 2ten Editioun vun der DPO Academy.

Bedeelegung vun eisem Responsabel vum Datenschutz, Haer Julien Sassella, bei der 2ten Editioun vun der DPO Academy.

Dësen Donnerschden, den 5ten Dezember gouf déi 2t Sessioun « IT et Protection des Données » vun der DPO Academy bei Microsoft Luxembourg ofgehaalen.

Bei dëser Geleegenheethuet eisen Chargé vun der Datensëcherung eng Table ronde iwert d’Thema „Wéi schützt een séng Daten zu enger Zeit vun der Digitalisatioun“ moderéiert. 

Mam Ziel d’Fro an Betruecht ze zéien an eng Entwert drop ze kréien, hun d’Organisateuren, Elgon an Ainos, Data Protector Officers vun verschiddenen Firmen agelueden, ewéi och eng Affekotin an en Expert an Sëcherheet an Informatik. Dësen Austausch tëschent den Bedeelegten huet et erlaabt eng Iwwerschreiwung vun den groussen Prinzipen vum Règlement Général sur la Protection des Données (RGPD) nidderzeschreiwen. Déi ugeschwaten Themen hun sëch ëm d’Sensibilisatioun an Wichtegkeet vun der Kommunikatioun gedréint, déi nei Erausfuederung vum Datenschutz, ëm den Gebrauch vun den informateschen Mëttelen fir d’Konformitéit ze ënnerstetzen an ëm konkret Erfahrungsberichter wéi d’Gestioun vun internen elektroneschen Courrier. Schlussendlech hun d’Invité’en d’Thema ungeschwat, wéi en reagéieren soll, am Fall vun enger Secherheetsfaille oder enger Datenfuite, mat engem Retour vun allen Bedeelegten.