Analyse vun der e-santé am Kanada : déi onëmgänglech Elementer fir eng gelongen generaliséiert Aféierung vum elektronesc

Agence

Am Mäerz 2017 huet déi kanadesch Regierung eng Budgetsdotatioun vun 300 Milliounen USD (soit 210 Milliounen EUR) fir 5 Joer fir seng e-santé’s Agence, Canada Health Infoway– Inforoute Santé du Canada, ugekënnegt. Dës ass eng onofhängeg Organisatioun, ouni Gewënnzweck, finanzéiert vun der kanadescher Bundesregierung. Inforoute Santé du Canada huet den Optrag, déi digital Gesondheetsdéngschtleeschtungen an den 13 kanadeschen Regiounen ze promovéieren an anzeféieren, a verwalt de gréissten Deel vun den Investissementer um Bundesniveau fir dëst Objektiv ze erreechen.

Analyse vun der e-santé am Kanada : déi onëmgänglech Elementer fir eng gelongen generaliséiert Aféierung vum elektronesc

Bäi der Geleeënheet vun der Ukënnegung vun dëser Dotatioun huet de spezialiséierten digitale Support Health & Tech Intelligence, deen Entscheeder am Beräich vun der e-santé cibléiert, eng Analyse vum Dr Jean-Pierre Thierry publizéiert. Dës Analyse baséiert op enger ausféierlecher Étude vun der Aktioun, der Gouvernance an de Resultater vun Inforoute, an zitt eng Parallele mat der Situatioun am Frankräich.

Dës Analyse huet him erlaabt, dréi onëmgänglech Elementer, déi eng gelonge generaliséiert Aféierung vum elektronesche Gesondheetsdossier favoriséieren, z’identifizéieren.

eng genügend Finanzéierung iwwert eng laang Dauer

eng Gouvernance déi op Projet-Management an Change-Management opbaut, an déi e gutt definéierten Interoperabilitéits-Kader aféiert, wat eng Reduktioun vun der Heterogenitéit mat sech bréngt.

e Perseveréieren um Niveau vun den Efforten op laang Zäit

 

Wëllt Dir méi liesen ? Dann klickt w.e.g. op dësen Link.