De gesécherten E-Mail-Austausch

Et handelt sech ëm e verschlësselten E-mail-Austausch-Service, deen et dem Gesondheetsdéngschtleeschter méiglech mécht Gesondheetsinformatiounen op enger héich securiséierter Aart a Weis auszetauschen. D‘Norichte gi verschlësselt iwwerdroen an kënnen doduerch nëmme vum deem, deen se verschéckt huet, an dem Empfänger gelies ginn.

Dëse Service, dee vun der Firma Regify ugebueden an zu Lëtzebuerg gehost gëtt, ass zënter 2014, wou d’eSanté-Plattform a Betrib gestallt gouf, operationell a gëtt den Ament vu méi wéi 15.000 Leit benotzt.

All Gesondheetsberuffler, deen säin eSanté-Kont aktivéiert huet, huet en automateschen Accès op de gesécherten eMail-Service iwwert säin Espace „Meng eSanté Servicer". De Guide d’utilisation deen hei ënnen erwähnt gëtt, beschreift wéi Dir Accès do drop kritt.

E weidere Service deen vum selwechten Betriib ugebuede gëtt, a vun ëmmer méi Gesondheetsstrukturen a Gesondheetsfachleit benotzt gëtt, ass de Service Regibox. Deen erméiglecht et de Benotzer op eng sécher Aart an Weis mateneen zesummen ze schaffen an och online Daten auszetauschen an ze späicheren. Regibox gouf an drei verschidde Softwarepackagen fir d‘Verwaltung vun Dokteschpraxen integréiert. En gëtt a 6 verschidde Laboen (BioNext, Laboratoires réunis, Ketterthill, Laboratoire National de Santé souwéi d‘Laboe vum Spidol Robert-Schumann a vum Centre Hospitalier de Luxembourg) a vu méi wéi 200 Doktere benotzt.