Obligatoresch Meldung vun Infektiounskrankheeten

Dëse Service erméiglecht den automatiséierten Austausch vun Informatiounen iwwer Krankheeten déi gemellt musse ginn.

Am Kader vum Gesetz vum 1. August 2018, iwwert Meldeflicht vun Infektiounskrankheeten, ass d‘Agence eSanté, vun der Direktioun vun der Santé beoptraagt ginn, dëse Service, deen den Austausch vun Informatiounen erméiglecht, ze implementéieren.

Säit dëst Gesetz a Kraaft getrueden ass, mussen Dokteren, Zänndokteren a medezinesch Laboratoiren, Infektiounskrankheeten wéi Tuberkulos, Borrelios, Riedelen oder sexuell iwwerdrobar Krankheeten (z.B. AIDS, Syphilis, Hepatitt) mellen. Den Haaptzweck vun dëser Flicht ass et, eng besser Iwwerwaachung vun den Infektiounskrankheeten zu Lëtzebuerg ze assuréieren.