Workshops ronderëm d'Ergonomie vun der Gestioun vun Praxissoftware

Agence

E Mëttwoch 3. Mee an Donneschdeg 11. Mee 2023, goufen zwee Workshops an de Büroe vun der Agence, ronderëm d'Ergonomie vun der Gestioun vu Praxissoftware ofgehalen
 

Médecins autour d'une table en réunion

D'Zil vun dësen Atelieren, déi all Hausdokter a Spezialist deen zu Lëtzebuerg praktizéiert, opstoungen, war et d'Notzung vum Haaptservice vun der Agence, dem DSP (elektroneschen Gesondheetsdossier), iwwer hir Praxissoftware ze verbesseren.

No enger allgemenger Presentatioun vun den eSanté-Servicer, goufen déi present Dokteren invitéiert un engem Brainstorming deelzehuelen fir hir Praxisgewunnechten an hir spezifesch Bedierfnesser mat Bezuch op d'Gestioun vun hiren Dokumentressourcen ze deelen (Resultater vu biologeschen Ënnersichungen, medezinesch Biller, Spidolsrapporten, Ordonnancen vu Medikamenter, etc.). 

Den Owend gouf mat engem Cocktail-Empfang a gesellegen Diskussiounen iwwert d’Digitaliséierung vun de Gesondheetsdaten ofgeschloss. Dëst war eng Geleeënheet fir d'Agence, e reellen Interessi vun den deelhuelenden Doktere festzestellen, fir méi Informatiounen, an esouguer Formatiounen  iwwer d'eSanté-Servicer, déi hinnen an de Lëtzebuerger Bierger zur Verfügung gestallt ginn, ze kréien.

Wëllt Dir méi iwwer d'Servicer vun der Agence wëssen?

Klickt hei.