Participatioun vun eisem Generaldirekter um Tour de France vun der Strategie fir d’Beschleunegung vun der digitaler Gesondheet

Agence

E Mëttwoch, den 29. Juni 2022, huet den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, un enger Table Ronde deelgeholl, déi zu Stroossbuerg am Kader vum Tour de France vun der Strategie fir d’Beschleunegung vun der digitaler Gesondheet stattfonnt huet
 

Tour de France de la Stratégie d’Accélération Santé Numérique

Dës Etapp vum digitale Gesondheetstour duerch Frankräich – geduecht fir d‘Leit ze treffen déi an hirer Regioun fir digital Gesondheet zoustänneg sinn - huet Regioun vum Grand-Est viséiert, déi am Häerz vun Europa läit a bal 760 km Grenzen ëmfaasst.

Bei enger Table Ronde mam Titel « Comment encourager les parcours de soins transfrontaliers ? » huet den Hervé Barge den europäesche grenziwwerschreidenden Austauschprogramm "MaSanté@UE" virgestallt, un deem d'Agence eSanté deelhëlt,  souwéi dem CVE (Carnet de Vaccination Eléctronique) deen zu Lëtzebuerg agefouert gouf.

Am Nomëtteg huet d'Maud Delporte, CVE-Projetsmanager vun der Agence, un engem Workshop deelgeholl, wou si iwwert d'Portabilitéit vum CVE vum europäesche Bierger diskutéiert huet.

Klickt hei fir méi Informatiounen zu den eSanté Servicer.