De Referenzdokter Tool

Service deen d'Iwwerwaachung an den Austausch vu Gesondheetsinformatiounen iwwert de Fleegeparcours vum Patient méi einfach mécht

De “Referenzdokter Tool” ass e Service, deen zënter 2014 a Betrib ass, an zur Verfügung gestallt gëtt vu Generalisten a Kannerdokteren déi eng medezinesch Grondversuergung ausserhalb vum Spidolssecteur ubidden, an déi zesumme mam Patient eng “Referenzdokter-Deklaratioun” ënnerschriwwen hunn.

Fir datt e Patient den Dispositif "Médecin Référent" an Usproch huelen duerf:

  • muss hien un op mannst enger ALD (Affection de Longue Durée – laangfristeg Krankheet) erkrankt sinn, déi op Grond vun der Gravitéit a chroneschem Charakter, eng laangfristeg Behandlung an eng ëmfangräich Koordinatioun vu méi Gesondheetsdéngschtleeschter beusprochen. D’ALD’en sinn an der Annexe 1 vum Ofkommes tëscht der Nationaler Gesondheetskeess an der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren definéiert, dat am Mémorial vum 20. Oktober 2015 publizéiert gouf. Et handelt sech dobäi em eng Lëscht vun 32 laangfristege Krankheeten, wéi zum Beispill Multipel Sklerose, Alzheimer oder Parkinson-Krankheet, Mukoviszidose, asw... Fir d’Lescht ze consultéieren, klickt hei.
  • muss hien iwwert en aktivéierten DSP verfügen, de perséinlechen a gesécherte Gesondheetsdossier, dee vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gëtt.

De Referenzdokter Tool, deen op der eSanté Plattform ugebuede gëtt, erlaabt et de Referenzdokteren, d‘Gesondheetsinformatiounen am Verlaf vum Fleegeprozess vum Patient auszetauschen an ze iwwerwaachen, a vereinfacht hinne soumat d’Ausféiere vun hire Missiounen déi am Artikel 19bis vum Sozialgesetzbuch definéiert sinn: d’Betreiung ze koordinéieren an eng optimal medezinesch Versuergung ze garantéieren.

Speziell dës koordinéiert Versuergung gëtt duerch 2 Dokumenter vereinfacht, déi am Kader vum Referenzdokter-Dispositif obligatoresch mussen am DSP vum Patient ofgeluecht ginn.

  • Resumé vun de Prestatiounen: Dëse Relevé gëtt all Joer vun der Nationaler Gesondheetskeess an den DSP vum Patient ofgeluecht (Déi national Gesondheetskeess kann nëmmen Dokumenter am DSP vum Patient ofleeën, sie kann op kee Fall Informatiounen, déi am DSP dra sinn, liesen oder änneren.) De Resumé vun de Prestatiounen ëmfaasst all d’Leeschtungen, déi vun der Kranken-, Maternité-, Onfall- a Fleegeversécherung am Laf vun deene leschten dréi Joer iwwerholl gi sinn. E kann vum Patient a vu sengem Referenzdokter consultéiert ginn.
     
  • De Patienteresumé: Et handelt sech em e standardiséiert Dokument, dat déi wichtegst medezinesch Informatiounen ëmfaasst, fir eng sécher a geséchert Betreiung ze garantéieren. De Referenzdokter aktualiséiert dëst Dokument no all Kontakt mam Patient, fir all neit pertinent klinescht oder therapeutescht Element am Zesummenhang mam Gesondheetszoustand vum Patient, an noutwenneg fir d’Fleegekoordinéierung tëschent de Gesondheetsdéngeschtleeschter anzedroen. Op Nofro vum Patient erkläert de Referenzdokter him den Inhalt vum Patienteresumé a gëtt him eng gratis Kopie dovun. Dëst Dokument ass fir d'Dokteren, déi de Patient betreie, consultabel, ënnert der Konditioun datt dësen hinnen en Zougangsrecht op säin DSP ginn huet.

De Referenzdokter huet Zougang op de Referenzdokter Tool iwwert de Multiservice-Portal www.esante.lu oder iwwert seng Beruff-Software, wann des kompatibel mat der eSanté Plattform ass. Hien kann iwwert säin eSant-Plattformkont drop zougräifen, andeems hien sech mat senge perséinlechen Umeldungselementer, déi hien vun der Agence eSanté kritt huet, a mat senger perséinlecher LuxTrust-Kaart connectéiert.