Elektroneschen Impfpass (CVE)

Homme qui se fait vacciner

Mat dësem personaliséierten a séchere Service kënnen Är Patienten :

  • hir Impfungen zu all Moment ganz einfach nokucken
  • Rappeller fir hir Impfunge kréien
  • eng personaliséiert Impfberodung, entspriechend de Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses) kréien

De CVE befënnt sech zënter Mëtt Januar 2022 bei den Impfdokteren an der Phase vun der allgemenger Aféierung

Jee no Fachberäich gëtt en an de liberalen Dokteschpraxen ugewannt. Ufanks bei de Kannerdokteren, duerno bei de Generalisten an Infektiologen an dann bei de Gynekologen.

Dëse Service ass verfügbar iwwer den eSanté Portal. Déi Giel Kaart bleift bestoen.

Médecin qui vaccine un bébé

Virdeler fir Gesondheetsspezialisten:

  • Einfachen Online Zougang zum Historique vun den Impfungen
  • Iwwerpréiwung an Iwwerwaachung vum Impfstatus
  • Assistenz mat den Impfindikatiounen - Impfrappeller mat abegraff
  • Update vum Kalenner no de Recommandatioune vum CSMI
  • Méiglech Linken op aktualiséiert Broschüren a RCPs
  • Traçabilitéit vun der Impfung an der Pharmacovigilanz (Impfdatum/Seriennummer/Batchnummer/Verfallsdatum erfasst iwwer Datamatrix mat engem méigleche Link op en „formulaire de déclaration“ fir Pharmacovigilance)
  • Vereinfachung vun der Gestioun vum Stock - Reduktioun vum administrativen Opwand
    • Lokal Gestioun vum Stock erméiglecht automatesch Neibestellungen (ofhängeg vum Impfstoffprofil an der Disponibilitéit vum Impfstoff)
    • Gestioun vum Verfallsdatum vum Impfstoff
    • Gestioun vum Zeréckhuele vu Chargen
    • Notifikatioun am Fall vun enger Rupture de stock
Femme avec casque Helpdesk

Weider Informatioune?

Kontaktéiert w.e.g eisen Helpdesk:

logo CVE