Healthnet


 

Den HealthNet Reseau

Et ass d’Missioun vun der Agence eSanté, d’Entwécklung vum Benotze vun den neien Informatiounstechnologien am lëtzebuergesche Gesondheetssecteur ze erlaben, fir sou den Austausch an d’Deele vu Gesondheetsdonnéeën op eng optimal a geséchert Manéier ze fërderen.

D’Agence benotzt a stellt de Gesondheetsétablissementer an de Gesondheetsdéngschtleeschter an dësem Kader, en héich securiséierten informatesche Reseau, Healthnet-Reseau genannt, zur Verfügung, fir d’Ausféiere vun hire Gesondheetsdéngschtleeschtungen ze assuréieren, an dëst am Respekt vun der Vertraulechkeet an dem Dateschutz.

Den Healthnet Reseau stellt de Kader vum séchere Verdeelernetz, tëschent den eenzelen Akteuren vum Gesondheetswiesen. Et ass en Héichsécherheetsnetz, dat den Acteuren wéi z. B. Reverse Proxy, Web Proxy, Email Gateway, die verschidde Sécherheetsservicer ubitt.

D’Zil vum Healthnet Reseau ass et och, d’Investissementer am Beräich vun der Sécherheet vun de Reseau-Equipementer ze rationaliséieren, duerch d’Benotze vun enger gemeinsamer Infrastruktur, d’Deele vun Déngschtleeschtungen an d‘Aféiere vun engem eenzege Kontaktpunkt.

Bäitrëttsskonditounen

De Bâitrëtt zu HealthNet a senge Servicer a sengem Gebrauch, ass de Gesondheetsberuffler déi hei gelëscht gi virbehalen:

  • Spideeler
  • Laboen
  • Dokteren
  • Gesondheetsberuffler
  • Organisatiounen aus dem Gesondheetsberäich
  • Fuerschungsariichtungen
     
Servicer

De Reseau HealthNet stellt alle Gesondheetsberuffler an Etablissementer aus dem Gesondheetswiese folgend Servicer zur Verfügung:

  • Konnektivitéitsméiglechkeeten tëschent de verschiddenen Acteuren aus dem Gesondheetswiesen
  • Direkten Accès op hire System via VPN mat staarker Sécherheet
  • Ënnerbrénge vun de virtuelle Serveren: reverse proxy, IDS, DNS, NTP, NAT,…
     
Verbindungsméiglechkeeten

De Réseau HealthNet huet verschidde Realisatiounen erstallt déi et de Gesondheetsberuffler an och méi klengen Organisatiounen erlaben, sech iwwert de Réseau SSL-VPN (Token) ze verbannen. Falls eng Verbindung op d’Infrastruktur vun engem Acteur aus dem Gesondheetswiesen op de Réseau vun HealthNet néideg gëtt, muss eng Ufro am viraus iwwert den Anschreiwungsformular geneemegt ginn. Fir all Ännerung zum Accès oder bei Froen, kënnt Dir Iech un de Servicedesk vun HealthNet wenden: