
Mat dësem personaliséierten a séchere Service kënnt Dir:
- Är Impfungen zu all Moment ganz einfach nokucken
- Rappeller fir Är Impfunge kréien
- eng personaliséiert Impfberodung, entspriechend de Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses) kréien
Den CVE ass zanter Ufank 2022 fir Dokteren, déi impfen, verfügbar
Ofhängeg vun der Spezialisatioun gouf de CVE schrëttweis an de fräie medezinesche Praxise agefouert. An enger éischter Etapp gouf en de Pediater zur Verfügung gestallt, duerno den Hausdokteren, den Infektiologen souwéi de Gynäkologen a Gebuertshëllefer.
Mëttlerweil ass de Service samt dem dozou gehéierende Material och bei den Hebammen an den Aarbechtsdokteren installéiert, déi eng entspriechend Demande gemaach hunn.
Dëse Service ass iwwer de eSanté-Portal zougänglech.




