
Wat sinn d’MyHealth@EU Servicer?
Den Zougang zu der Krankegeschicht vun engem Patient dréit zu enger besserer medezinescher Versuergung bäi a kann am Fall vun engem medezineschen Noutfall souguer entscheedend sinn.
Aus dësem Grond féieren d’Länner vun der Europäescher Unioun, MyHealth@EU an, grenziwwerschreidend digital Gesondheetsdéngschter, déi et erlaben, d’Gesondheetsdonnéeë vun engem Patient op eng sécher Aart a Weis un den Dokter an deem Land ze iwwermëttelen, wou de Patient behandelt gëtt.
Virdeeler fir de Patient an den Dokter
- D’MyHealth@EU Servicer verbesseren d’Versuergung vun de Patienten.
- Si erliichteren eng kontinuéierlech, sécher a qualitativ héichwäerteg Behandlung iwwer europäesch Grenzen eraus.
- D’medezinesch Donnéeë sinn an der Sprooch vum behandelnden Dokter disponibel; dat hëlleft, méiglech Sproochebarrièren ze iwwerwannen.

Servicer déi zu Lëtzebuerg disponibel sinn
► Patient aus engem aneren europäesche Land
En Dokter zu Lëtzebuerg kann déi folgend Dokumenter fir e Patient aus engem aneren europäesche Land* kréien:
- de Patienteresumé
- d’Labosresultater**
- d‘Rapporte vu Röntgen, Scanner, IRM etc**
- de Spidolsentloossungsbréif**
Wéi dovu profitéieren ?
De Patient muss seng Awëllegung am Gesondheetssystem vu sengem Affiliatiounsland ginn hunn. Den Dokter zu Lëtzebuerg informéiert de Patient iwwer seng Rechter op Basis vum "Patient information notice", déi ënner der Rubrik « Nëtzlech Linken » ënne verfügbar ass.

*Kroatien, Zypern, Estland, Spuenien, Malta, Portugal an Tschechesch Republik
► Patient zu Lëtzebuerg affiliéiert
En Dokter an engem aneren europäesche Land* ka follgend Dokumenter kréien:
- de Patienteresumé
- d’Labosresultater**
- d‘Rapporte vu Röntgen, Scanner, IRM etc**
- de Spidolsentloossungsbréif**
Wéi dovu profitéieren ?
De Patient muss seng Awëllegung a sengem elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) registréiert hunn. De Gesondheetsberuffler am Ausland kann duerno d’Dokumenter consultéieren.
* Zypern, Estland, Spuenien, Frankräich, Griechenland, Irland, Holland, Malta, Portugal an Tschechesch Republik
**fonktiounsfäheg, mee nach net operationnel mat engem aneren Memberstaat
Zukünfteg Servicer
D’MyHealth@EU Servicer ginn no an no an Europa ëmgesat. Si ginn ab 2029 an allen europäesche Länner obligatoresch, am Kader vun der Ëmsetzung vum European Health Data Space (EHDS).
Dëse Projet gëtt vun der Europäescher Unioun finanzéiert. D'Meenungen an d'Usiichten, déi ausgedréckt ginn, sinn awer eleng déi vun hirem Auteur(en) a reflektéieren net onbedéngt déi vun der Europäescher Unioun oder der HaDEA. Weder d'Europäesch Unioun nach d'HaDEA kënnen dofir verantwortlech gemaach ginn.
