Mët 16 Sep
Formatioun

Formatioun "eSanté Éischt Schrëtt Pack" (op Franséisch) - nëmme fir Dokteren

Den 16 September 2026
Agence eSanté (161 rue du Kiem ; 8030 Strassen)

Geduecht fir d'Dokteren, déi zu Lëtzebuerg installéiert sinn, gëtt dës praktesch Formatioun all Mount organiséiert. D'Formatioun vum "Pack eSanté Éischt Schrëtt”, déi "en présentiel" gehal gëtt erlaabt et sech mat de digitale Gesondheetsservicer déi am Alldag nëtzlech sinn, vertraut ze maachen.

Viraussetzungen :

  • Dokter sinn
  • D'Autorisatioun hunn, fir zu Lëtzebuerg auszeüben (no Passage beim Gesondheets- a Sozialministère, beim Collège Médical an der CNS)
  • Eng physesch berufflech Adress hunn (déi vum Praxisstanduert)

Fir Iech fir de Pack “eSanté Éischt Schrëtt” (op franséisch) unzemellen, klickt hei.