Mët 18 Jun
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Gemeng Koplescht

Den 18 Juni 2025
Kulturhaus (6, rue de Mersch / L-8181 Kopstal)

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mat der Gemeng Koplescht, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé). Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?