Eng gutt Geleeënheet fir sech iwwer eSanté Servicer ze informéieren

Agence

E Samschdeg, den 9. November 2024, huet d'Agence eSanté um Orientatiounsdag deelgeholl, deen de Signataire vum « Contrat d'accueil et d'intégration » an de Membere vum neie Biergerpakt Programm, reservéiert war

o

Den Zweck vun dësem Event war et, d'Integratioun fir d'Participante méi einfach ze maachen, andeems se wichteg Informatiounen iwwer administrativ Prozeduren, lëtzebuergesch Institutiounen a lokal Veräinsliewe kréien.

D'Präsenz vun der Agence eSanté bei dësem Event, huet et de Participanten erméiglecht déi digital Gesondheetsservicer z'entdecken a besonnesch, méi iwwer den Accès op déi zwee Haaptservicer vun der Agence gewuer ze ginn:

  • DSP (Dossier de Soins Partagé): e gesécherten elektronesche Gesondheetsdossier, deen den Austausch vu Gesondheetsdaten tëscht Gesondheetsberuffler erliichtert, an domat eng optimiséiert Iwwerwaachung vun de Behandlungen erlaabt.
  • CVE (Carnet de Vaccination Électronique): En elektroneschen Impfpass, deen d'Iwwerwaachung vun Ären Impfunge vereinfacht an op deen Dir e sécheren Accès hutt


Weider Informatiounen iwwer den DSP fannt Dir hei
Weider Informatiounen zum CVE hei