En erfollegräichen Orientéierungsdag

Agence

Presenz vun der Agence eSanté op der Journée d'orientation du Contrat d'accueil et d'intégration (CAI) déi den 11. Mäerz 2023 stattfonnt huet
 

Journée d'orientation

Dësen Event, organiséiert vum Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région, huet de Signataire vum CAI et erméiglecht, sech mat den administrativen Prozeduren, den Institutiounen vum Land wéi och mam Gesellschaftsliewen zu Lëtzebuerg vertraut ze maachen.

Et war och eng Geleeënheet fir déi méi wéi 670 Leit, déi ugemellt waren, gewuer ze gi wéi se vun de folgende Servicer profitéiere kënnen:

• dem DSP (Dossier de Soins Partagé), de sécheren elektronesche Gesondheetsdossier, deen d'Deelen vu Gesondheetsdate vereinfacht
• dem CVE (Carnet de Vaccination Electronique) deen eng méi einfach Berodung an Iwwerwaachung vun den Impfungen erlaabt

Eng weider Editioun vun dësem Dag ass den 11. November 2023.

Weider Informatiounen zum DSP fannt Dir hei: 
Weider Informatiounen zum CVE fannt Dir hei: 
Weider Informatiounen iwwer dësen Event fannt Dir hei: