D’Gesondheet vun de Klengste schütze mat Hëllef vun den eSanté-Servicer

Presseartikel

En Artikel an der neister Editioun vum Magazin Letz be Healthy ënnersträicht d’Wichtegkeet vun den eSanté-Servicer, fir den Zougang zu Gesondheetsdaten ze verbesseren an e sécheren Austausch dovunner ze garantéieren.

Den Artikel baséiert op dräi wichtege Piliere vun Informatiounscampagnen zur Fërderung vun der Gesondheet vu klenge Kanner zu Lëtzebuerg: Ernierung, Fréierkennung a Präventioun.

An dësem Kontext gëtt och d’zentral Roll vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) an dem elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique – CVE) ervirgehuewen. Dës digital Instrumenter erlaben eng sécher a personaliséiert medezinesch Betreiung, besonnesch wat den Impfstatus vu Kanner ugeet.

Hei klickt fir den Artikel ze liesen.