D'Agence bedeelegt sech un enger Euronews Reportage iwwer den Austausch vun Gesondheetsdonnéeën an Europa

Agence

Ënnert dem Titel « Partager son dossier médical, ce sera bientôt possible dans toute l'UE » huet Euronews  e Video produzéiert, zu deem d’Agence eSanté bäigedroen huet
 


Dëse Reportage beliicht déi grenziwwerschreidend eSanté Servicer, déi Deel vun MaSanté@UE sinn, der Infrastruktur déi de sécheren Austausch vu Gesondheetsdonnéën tëscht europäesche Memberstaaten erméiglecht. Déi zwee Servicer, déi aktuell a verschiddenen europäesche Länner, dorënner Lëtzebuerg, ugebuede ginn, sinn:

  • den Austausch vun enger elektronescher Ordonnance (ePrescription) a senger Dispens  Dëst erlaabt de Bierger hir Medikamenter aus enger Apdikt an engem anere Memberstaat ze kréien
  • den Austausch vum Patiente Resumé. De Patiente Resumé liwwert wesentlech medezinesch Informatiounen, déi automatesch an d'Sprooch vum Dokter iwwersat gëtt, deen de Patient behandelt

D'Servicer vun MaSanté@UE droen also zur besserer Betreiung bäi an erliichteren d'Kontinuitéit vu sécherer a qualitativer Betreiung iwwer d'Grenzen eraus. Si bilden och zwee Piliere vum European Health Data Space deen op EU-Niveau entwéckelt gëtt.

De Reportage riicht sech un d'Allgemengheet a gëtt an 158 Länner an néng Sproochen iwwerdroen (Englesch, Däitsch, Franséisch, Italienesch, Portugisesch, Spuenesch, Russesch, Griichesch an Ungaresch).

Klickt hei fir méi iwwer den Asaz vun de Servicer MaSanté@UE zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn.