Bäitrag vun eisem Generaldirekter beim „Conseil Numérique en Santé“

Agence

Den Donneschdeg, 23. Juni 2022 huet de Generaldirekter vun der Agence eSanté, Hervé Barge, e Virtrag wärend dem 7. „Conseil Numérique en Santé“ zu Paräis gehalen
 

Conseil Numérique en Santé

Op dësem Event an a Presenz vun alle Partner („Agence du numérique en santé“, Krankeversécherung, Regiounen, Patienten, Professionnell, Industriell etc.), hunn déi verschidden Acteuren aus dem ëffentleche Secteur an dem e-santé-Ökosystem, de Bilan vum strategesche Plang fir digital Gesondheetswiesen 2019-2022 a Frankräich virgestallt.

 Bei dëser Geleeënheet huet den Här Barge den europäesche grenziwwerschreidenden Austauschprogramm "MaSanté@UE" virgestallt, un deem d’Agence eSanté fir Lëtzebuerg deelhëlt.