Visitt vun der Gesondheets- a Sozialversécherungs Ministesch

Agence

E Méindeg, den 29. Januar 2024, huet d'Madame Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, eng Aarbechtsvisitt bei der Agence eSanté gemaach

 

Visite ministre

A Präsenz vun de Membere vun eisem Exekutivcomité a Membere vum Verwaltungsrot hunn d'Häre Marc Hostert - President vun eisem Verwaltungsrot - an den Ian Tewes, eisem Generaldirekter, déi verschidden eSanté-Servicer presentéiert, souwéi d'Schlësselzuelen, déi reflektéieren, wéi d’Servicer vun de  Gesondheetsberuffler a Patiente genotzt ginn.

Um Enn vun der Presentatioun, hat d’Ministesch Geleeënheet d’Membere vun eiser Equipe kennen ze léieren a mat hinne bei engem Patt iwwer hir verschidden Aarbechten ze diskutéieren.