Sidd Dir prett fir de "smartDSP"?

Presseartikel

A senger Dezember Editioun diskutéiert de Magasinne “Silicon” iwwer d'intelligent Notzung vu Gesondheetsdonnéeën am Kontext vu méi personaliséierter a präventiver Gesondheetsversuergung

Êtes-vous prêt pour le « smartDSP » ?

Den Artikel, deen an dëser Editioun publizéiert gouf, beschäftegt sech mat de Gesondheetstechnologien a bezitt sech op déi gesécherten Donnéeën déi an de méi wéi 1 Millioun DSPen enthale sinn a mat Hëllef vu sënnvoll agesater kënschtlecher Intelligenz, Lëtzebuerg als Haaptacteur an der Entwécklung vun enger méi personaliséierter a präventiver Gesondheetsversuergung positionéieren kéint. Den DSP kéint dann e "smartDSP" ginn - en elektronesche Gesondheetsdossier deen fäeg wier de Gesondheetseruffler bei hirer medezinescher Standardroutine ze hëllefen, esou wéi och bei der Diagnose an der Iwwerwaachung vu komplexe/chronesche Krankheeten op Base vun de verfügbare Gesondheetsdonnéeën.

Wëllt Dir dësen Artikel liesen?
Da klickt w.e.g. hei. (op Englesch; Säit 11)